Ech sinn Member vum FNT ( Fachverband niedergelasseneer Tierheilpraktiker)


Schnuffenhellef bidd

Bioresonanz, Verhalenstherapie, Homeopathie, Mykotherapie, Phytotherapie, Bachblüten, Schüssler Salze , Bluddegeltherapie , Faarwliichtherapie, Ernierungspläng asw. un

Kontakt: vitalschnuffen@gmail.com

Verhalensproblemer bei Mupp a Kaz

-------------------------------------------

- Urin a Markéier verhale bei Muppen a Kazen 

- Aner Problemer zum Beispill Hyperaktivitéit, Aggressioun, Billen oder haart an dauernd Miauen. 

- Mir kucken op eventuell alternativ Medezin a Kombinatioun mat enger Verhalenstherapie  eppes ze maachen ass

Bioresonanz

------------------

Wat ass Bioresonanz?

De Kierper besteet aus Moleküllen an déi schécke positiv elektromagnetesch Schwéngungen déi fir eis Gläichgewiicht 
verantwortlech sinn. (Harmonie)


Extern Stéierungen (ewéi Bakterien, Viren, Toxinnen, chirurgesch Narben, Allergener, Wonnen, net adaptéiert Liewensmëttel, 
emotional Belaaschtung ...) änneren dëst Gläichgewiicht, schiedlech elektromagnetesch Schwéngunge ginn also emittéiert; 
Mir schwätzen da vun Dysharmonie.

Mat Hëllef vun der Bioresonanz ginn dës negativ Schwéngunge mat engem Apparat ofgefaangen, deen se analyséiert, a harmoniséiert 
Schwéngunge ginn am Kierper ëmgeleet fir den normalen Energiefloss an den Zellen z'installéieren.
D'Muecht vu Eegenheelung vum Kierper ass esou aktivéiert a verstäerkt ginn

Mytotherapie bei Déieren

---------------------------------

An der Reegel reagéieren Deieren op eng Behandlung mat Vitalpilze ähnlech ewéi Mënschen, woubäi et natierlech individuell Ofwäichunge gi kann.

Déi geleefegst Uwennunge vun de Vitalpilze an der alternative Medezin sinn zum Beispill. 

Kriebspreventioun, Haut a Fellproblemer, Protektioun géint Zecken, Immunsystemréguleierung, Summerekzemprophylax, Lämungen, Diabetes, Sarkome, Entgëftung, Nierenerkrankungen, Befall mat Parasitten a Bakterien, Wonnheelung, Liewererkrankungen, Borrelios, Rheuma, Warzen, Arthrose, Arthritis, Stäerkung vum Immunsystem, Verdauungsstéierungen,

Bluddegeltherapie bei Mupp a Päerd

---------------------------------------------

Uwennungsméiglechkeeten : 

Arthritis, Arthrose, Ödeme, Basswonnen, Hypertonie, Abszesser, Entzündungen (z.B. Fesselträgerentzündungen Seenenentzündungen), schlecht heelend  (Operatiouns-)Wonnen , Suedeldrock, akute Houfrehe, Gelenkgallen, Spat asw. 

 

 

Rechtlech Hiweise:

Eis Virschläi ersetze keng Veterinärsconsultatioun, just een agréeierte Vetrinär dierf een acte veterinaire ausféieren.

Acte vétérinaire » : toute intervention matérielle et intellectuelle qui a pour objectif de diagnostiquer, traiter ou prévenir les maladies mentales ou physiques, les blessures, la douleur ou les malformations d’un animal, ou bien de déterminer l’état de santé et de bien-être d’un animal ou d’un groupe d’animaux, et notamment son statut physiologique, et qui comprend la prescription de médicaments vétérinaires ; toute intervention qui cause, ou peut potentiellement causer de la douleur ; toute intervention invasive; toute intervention vétérinaire dont l’activité est liée à la chaîne alimentaire ou animale et qui est susceptible d’affecter la santé publique ; la certification vétérinaire en rapport avec tous les critères cités précédemment