Schnuffenwanderung, Sonndes den 5.Januar zou Ettelbréck . Den Depart ass um 14.30 um Enn vun der Bierdener Strooss. Mir trepplen esou knapps 4 km, iwwert Feldweeër. Mat oder ouni Mupp sidd der all wëllkomm. Mir freeën eis op Iech. Participatioun: 7 Euro Umellungen wgl. iwwert E-Mail vitalschnuffen@gmail.com oder iwwert den 621134008 .
Bonjour alleguerten.
---------------------------
Hei kënnt der Iech eis aktuellste Versioun vun der Schnuffenzeitung ukucken an Dir kënnt se och eroflueden. Ënnerstëtzt Eis Aarbecht fir de passiven a preventiven Déiereschutz an dass mer den aktiven Déiereschutz och ënnerstëtze kënne mat engem Don op de Kont vun de Vitalschnuffen, nëmmen esou kënne mir Iech adequat informéieren.
An eiser Generalversammlung iwwerreeche mer och ee Scheck un Associatioun " Deieren a Nout"
Eis Memberskaart fir 7 Euro wou dir och mat op eise Schnuffenschwanderungen deelhuele kënnt, reegelméisseg iwwert eis Aktivitéiten informéiert gitt an och aner Virdeeler hutt.
De Link fir an eis Vitalschschnuffen Grupp.
https://www.facebook.com/groups/140129559683325/
Mat eiser Memberskaart Support fir 20 Euro kritt Dir Enn des Joers eis Print Schnuffenzeitungen Enn des Joers heemgeschéckt, a profitéiert nach vun anere Virdeeler.
Eise Kont bei der Spuerkeess ass den IBAN LU16 0019 4755 8660 8000 an de Biccode BCEELLULL
Des Linke si mei kleng a könnt dir normalerweis direkt gucken, ass den eischte an den zweete deel vun der Schnuffenzeitung
https://drive.google.com/open?id=1vzGaw7nUq-h_dB7D0NItlfATUur0Us6u
https://drive.google.com/open?id=1ZLEPYhZK-c9rABoijuptg7ox03EgiGt-
Mat desem Link kritt dir Schnuffenzeitung komplett erofgelueden,
https://drive.google.com/file/d/1qrHLcXagzw0zbpYgOAkolcv-2H_lVOSG/view?usp=sharing
Villmools Merci am Viraus.
De Comité vun der Vitalschnuffen a.s.b.l
Laura Francke, Presidentin
Claire Delcourt, Vice-Presidentin
Kemp Pascal, Sekretär
Anne Becker, Caissiere
Kathy Spiess, Member
Gina Wetz, Member
SCHNUFFENFEST UM KASS-HAFF
Vitalschnuffen a.s.b.l seet der Famill Kass villmools Merci dass mir eist Schnuffenfest dierfe bei
hinnen um Haff maachen.
Den 25. August um 10.30 geet et lass. Am Laf vum Dag
sinn verschidde Spiller, Ateliere,
Demonstratioune an Erklärunge vun den alternative Behandlungsmethoden geplangt.
Retaa Asbl bitt een Holzstech Atelier un: All déi di matmaachen wäerten d’Méiglechkeet
hunn 1 oder 2 Schablounen aus verschiddenen Déieremotiver erauszesichen. Duerno kann
jiddereen se op enger Akaafstesch oder engem Turnsack aus Bio Kotteng, déi een op der Plaz
kritt, printen. Erfueren Hëllef
ass ugebueden an Freed ass garantéiert !
Monique Heinerscheid get Ableck an Reiki an Quantenaarbecht bei Déieren un.
Sportlech geet et bei den Luxembourg Dogs zou, déi Canicross an Bikejöring demonstréieren,
an
den Olly Gebhard gëtt ee kuerzen Abléck an den Funtrailing, an d' Joelle Eschenbach weisst eis
ewéi Apportéieraarbecht geet.
Den Holger Meyer-Wendt erkläert eis Osteopathie bei den Déieren
Den ganzen Dag iwwert ginn et och super flott Präisser ze gewannen, dorënner zwou Nuechten
mat Frühstück an engem 4 Stären plus Hotel am Schwarzwald dem Hotel Berlin Krone-Lamm
zou Zavelstein.
Fir Iessen stinn gëtt et :
Biowurschten vum Kass-Haff , Bio-Fritten, Klengen Zalotenbuffet
Als Dessert servéieren mer :
Téi, Kaffi Taart a Kuch
Ee
Flotte Maart mat Verkaf an Infoen Stänn iwwert Themen Déieren, Hobby, Natur an Ëmwelt.
Mir welle gäre verschidde Organsiatioune virstellen ewei zb.
Orang Utang Help a Sea Sheperd, déi sech fir spezifesch Emweltthemen asetzen.
Net vergiesse wëlle mer gären national Déiereschutzveräiner, a hunn och eng belsch
Organisatioun Fondation Galgos Rescue op Besuch.
Natierlech ass eis Virstellung vu verschidden
Organisatiounen a privat Persounen déi sech
um Gesondheet, Sport, a Relatioun Mënsch-Déier bekëmmeren.
Och hunn mer ee kleng Hobbymaart mat interessante Saachen.
SCHNUFFENSHOP MAT PERSONALISEITERTE SCHNUFFENTASSEN, ASS SE NET FLOTT ? :) :)
-------------------------------------
Et geet weider mat de Schnuffentassen
Mir maachen Schnuffentassen , mat Ierch oder ärem Deierchen drop, op Kaz Päerd oder Mupp, am Noutfall souguer mat engem Zweebeener. Gestaltung no äre Virstellunge sou weit wei meiglech , mat oder ouni Numm zb.
Fir 15 Euro ganz weiss, mat engen fuerwegen Greff 18 Euro. Versand : 3 Euro
Dir kennt se bei eis op Stänn sichen, vei verschidde Comiteesmembere siche goen, oder krit se mat Versandkoste och gäre Heemgescheckt .
Fir se ze bestellen einfach eng Photo via Pn oder op vitalschnuffen@gmail.com .
No der Iwwerweisung op de Konto vun der vitalschnuffen ass IBAN LU16 0019 4755 8660 8000 bei der Spuerkeess . Den Bic ass den BCEELULL
Alles fir dass sech aer Schnuff wuelfillt. Mat Schweerpunkt Hond Kaaz a Paerd.
Mier wärten am November mat der eischter a zweeter Editioun vun der Schnuffenzeitung op Grouss Tournee goen , Infos kommen demnächst
VITALSCHNUFFENZEITUNG :
Merci fir är positiv Echoen, dass emmer schweer wann ee gesoot krit sie wier gudd,dann ass et schweer fir eppes besser ze maachen, trotzdem waerte mer et versichen. :)
Dir koennt se och heemgescheckt kreen fir 5 Euro eis Kontosnummer ass den IBAN LU16 0019 4755 8660 8000 bei der Spuerkeess . Den Bic ass den BCEELULL
Gäre kennt der eis och ee Don fir eis Projekter maachen,
oder eng Annonce an Schnuffenzeitung maachen. Et wier flott Iech als Éieremember bei de Vitalschnuffen begréissen ze dierfen.
Eierememberskaart ass 15 oder 20 euro fir 2017 , dei 3 oder 5 Schnuffezeitungen ( 3 Schnuffenzeitungen
vun 2017 oder 5 Schnuffenzeitungen och dei vun 2016 debei) kritt der heemgescheckt, an mer waerte och dei eng oder aaner Iwweraschung fir eis Eierememberen parat hun.
Den Erleis get natierlech fir den informative , preventive an aktive Deiereschutz an fir Promotioun vun den alternative Behandlungsmethoden agesaat.
Hei gidd der alles iwwert iwwert aert Deier gewuer , mat Schweerpunkt ob Vital
- Alternative Beschaeftegungen fir aer Déieren :
- Homöopathie
- Akupunktur
- Pflanzentherapie
- Verhaalen vun den Déieren
- Kontrolleert Muppenwanderungen
Beschreiwung vun deenen zwou Typen vun Wanderungen :
------------------------------------------------------------------------------------
HONDSGERECHT MUPPEWANDERUNG
- Wier et gudd wann Leit aplaz ob der Plaz ze waarden schons besselchen an der Lengt geifen trepplen mat hirem Mupp
- Dei eischt 10-15 Minuten ze an der Lengt ze loosen an Distanz zou den aaneren Muppen haalen
- Wann der Erregungspegel ze heich se deen Moment all an Lengt huelen
- Zuel vun den Muppen ass begrenzt dei deelhuelen
- Riichten Wanderung do nemmen no den Muppen waat fir dei am beschten ass .
-------------
VITALSCHNUFFENFRENN WANDERUNG
Hei schloen mer och besselchen nei Weer an, ech waar emmer gefrot ginn dierf ech och ouni Mupp mat hei ass daat lo meih kloer . Jo daat ass erwönscht .
Jidder Deierenfrenn dierf matgoen , dass lo keng reng Muppewanderung , Muppen sinn natierlech wellkomm. Et soll een flotten Tour sinn wou een sech kann iwwert all Deierenthema an och soss kann austauschen. Hei get et keng Teilnehmerzuel Begrenzung . Hei gucken mer meh nom Mensch











